Allgemeng Benotzungsbedingungen – PRO Kaart
Gëllt ab dem 17. Juli 2025
1. Zweck vun der PRO Kaart
D’PRO Kaart („Kaart“) gëtt vu Matériaux Clément un d’Beruffsklientë, Handwierker, Entreprisen an ëffentlech Institutiounen ugebueden. Si erméiglecht Zougang zu spezifesche Servicer an Avantage fir Professioneller.
2. Memberschaft
- D’Memberschaft ass gratis a reservéiert fir Professioneller mat Sëtz oder Aktivitéit zu Lëtzebuerg, an der Belsch, a Frankräich oder an Däitschland.
- D’Ufroe fir d’Kaart geschitt am Buttek mat engem Beruffs-Nachweis (z. B. Handelsregiserauszug, TVA-Nummer, asw.).
- D’Akzeptatioun vun der Demande ass am Ermessen vun Matériaux Clément.
- De Client akzeptéiert dës allgemeng Bedéngungen beim Aschreiwen.
3. Funktioun an Utilisatioun
- D’PRO Kaart ass perséinlech a net iwwerdrobar. Si muss bei all Kees opgewisen ginn, fir d’Servicer kënnen ze kréien.
- D’Kaart ass kee Bezuelmëttel a huet kee Geldwäert.
- D’PRO Kaart erméiglecht Zougang zu reservéierte Offeren, spezifesche Servicer an perséinlecher Berodung fir Professioneller.
4. Avantage a Servicer
Kaartinhaber profitéiere besonnesch vu :
- Prioritärem Zougang zu verschiddene Servicer (Devis, Bestellung preparéieren, asw.).
- Speziellen Offeren a Promotiounen, déi nëmme fir Kaartinhaber sinn.
- Perséinlecher Berodung an individueller Begleedung fir Beruffsklientë.
- Der Méiglechkeet, e Beruffskonto opzemaachen (no Dossierprüfung an Akzeptatioun).
D’Avantage sinn weder iwwerdrobar nach rembourséierbar, och net bei Verloscht, Déifstall oder Opléisung vun der Kaart.
5. Bestellungen a Liwwerungen
- Bestellungen kënnen am Buttek, per Telefon oder per E-Mail gemaach ginn.
- D’Bedingungen an d’Liwwerzäite ginn am Eenzelnen festgehalen, jee no Disponibilitéit a Logistik.
- Et gëtt keng Garantie fir eng Liwwerung an 24 Stonnen.
6. Bezuelungsbedingungen
- D’Bezuelungsbedingungen ginn beim Opech vum Beruffskonto oder bei Bestellung festgehalen.
- No Clientprofil oder Bestellwäert kann eng direkt Bezuelung gefrot ginn.
7. Ännerung oder Opléisung vum Service
- Matériaux Clément behält sech d’Recht vir, d’PRO Kaart zu all Moment ze änneren oder ofzeschafen, mat virzäiteger Info un d’Kaartinhaber (ausser bei Force Majeure).
- D’Kaart kann bei Mëssbrauch oder Bedruch désaktivéiert ginn.
8. Dateschutz
D’Donneeën, déi beim Aschreiwen op d’PRO Kaart gesammelt ginn, ginn zur Gestioun vum Service an zum Schécke vu professionellen Informatiounen an Offeren genotzt.
No der gülteger Gesetzgebung (GDPR) hu Benotzer d’Recht op Informatioun, Berichtung, Widdersproch an Läschen vun hiren Donnéeën, iwwer
info@clement.lu.
9. Verantwortung
Matériaux Clément ass net haftbar fir Verloschter oder Schied, déi duerch d’Benotzung oder Net-Benotzung vun der PRO Kaart entstinn, ausser bei schwéierer Schold oder Force Majeure.
10. Akzeptanz
D’Umeldung fir d’PRO Kaart bedeit d’vollstänneg an ouni Reserven Akzeptanz vun dësen allgemenge Benotzungsbedingungen.